On September 10th, 1944, the first Americans cross the Luxembourgish border. The long-awaited liberators are here!
Their pockets filled with chocolate, chewing gum and cigarettes, their hearts filled with weariness and apprehension, they soon find themselves overwhelmed by the gratitude of the Luxembourgish people. Friendships are born, affairs, even lasting relationships. The number of little white and black babies of unknown fathers that are born in the next few months in Luxembourg, remains unknown. Likewise, the hundreds of women who follow the GIs across the pond have never been properly registered.
For more than a year Andy Bausch researches and works on the documentary Chocolate, Chewing Gum & Brown Babies, interviewing Luxembourgers and American veterans, some of whom have come to visit, others who never left Luxembourg after landing here. In New York, Bausch interviews 84-year young Tony Vaccaro, the legendary photographer who shot the famous pictures that will always keep that winter of ’44 alive in our minds. But also the children of the GIs speak out, as well as the women who wanted to, and who agreed to tell all in front of the camera. It won’t be long, however, before the regular commemorations, the festivities and the visits of the American veterans will cease. The veterans are either too old to travel, or they are no longer with us. And thus a part of our past disappears.
Chocolate, Chewing Gum & Brown Babies tells the stories of the liberation, of Hemingway, Marlene Dietrich and Eisenhower, of Saint Nick, of broken hearts, pregnant bellies, inflatable tanks and nicotine poisoning.
Den 10. September 1944 kommen déi éischt Amerikaner iwwert d‘Grenz. Deen sou laang erwaarte Befreier ass do!
D‘Täsche voller Schockela, Knätschgummi an Zigaretten; mësstrauesch, ugespaant, awer ganz séier iwwerwältegt vun der Dankbarkeet vun de Lëtzebuerger. Et entsti Frëndschaften, Aventuren, esouguer Bezéiungen. D‘Unzuel vun de klenge, wäissen a bronge Puppelcher vun onbekanntem Papp, déi an den nächste Méint zu Lëtzebuerg op d‘ Welt kommen, ass net bekannt. Och déi honnerte vu Madammen, déi den GIen iwwert de grousse Pull nofuere, sinn ni registréiert ginn.
Den Andy Bausch recherchéiert a schafft iwwer e Joer un dem Documentaire „Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher“, interviewt d‘Lëtzebuerger an amerikanesch Veteranen, där enger déi op Besuch sinn an där anerer déi zu Lëtzebuerg hänke bliwwe sinn. Zu New York interviewt hien den Tony Vaccaro, de legendären, 84 Joer jonke Fotograf, deen am Wanter 44 all déi Fotoe gemach huet, déi eis aus där Zäit an Erënnerung bleiwen. Awer och d‘Kanner vun GIen a Lëtzebuergerinne kommen zu Wuert, déi déi sech ze erkenne ginn, déi awëllegen virun d‘Kamera ze trieden.
„Schockela, Knätschummi a brong Puppëlcher“ erzielt d'Geschichte vun der Libératioun, vun Hemingway, Marlene Dietrich an Eisenhower, vum Kleeschen, vu gebrachen Häerzer, décke Bäich, opblosbaren Tanksen an Nikotinvergëftungen.